Vendredi 13 mai, 21h45, P&R Howald: Tout le monde est à l'heure, chose pas évidente pour le SACL. Le voyage en bus se déroule comme d'habitude, sans incident. Les uns sont fatigués, les autres dorment et puis il y a ceux qui sont fatigués et qui dorment. Pas de ronfleur ... tutto bene! Arrivée à La Masia pour le déjeuner, bise obligatoire de la patronne, pour le reste pas de surprise, tout est comme les années passées , même les fleurs dans les vases. Premier apéro sur la terrasse, holla, question de commencer la routine pour la semaine à venir. La bouffe, serait-elle meilleure que dans mes souvenirs ? Pas vraiment, c'est le « groussen Honger « qui me le fait croire ; le petit-déjeuner du matin était loin d'être copieux. Le briefing, structuré, détaillé, complété avec les bons conseils du président : « Kuckt iech d'Boot ënner Waasser un. Wann der beim Boot ukommt an dir gesitt dass et eng Leeder huet, braucht dir net eropzekommen, well dann ass et net eis d'Boot. Eist huet e Lift. » Réflexion : « Yes my dear. Da wees ee wéinstens emol wou eist Boot net steet.» Traduire tout ça ... pouh! Franchement, la langue de Voltaire, c'est pas mon truc. Je continuerai donc « wéi de Schniewel mir gewuess ass », en "Luxo". (Pour la traduction : Possible, même personnalisée, autour d'un plat de spaghettis. J'accepterai volontiers les invitations.)
D'Madame Ferrer ass ëmmer do fir hirt Bescht ze ginn, sief et fir de Grand Prix d'Eurovision ze moderéieren oder dem Jang de Scampi um Teller aus der Schuel ze huelen.
Plongée d'adaptation op der Küst : D'Mier ass e bëssen knubbeleg, net einfach fir sech am Stoen unzedoen. Déi üblech Bemierkungen: "Wou sinn da meng Bottillons?" „Wéi war dat da scho méi fir d'Fläsch fest ze maachen?" „Scheisse , meine Handschuhe!" Dir kennt dat alleguer. Emol am Waasser gëtt et méi roueg („évidemment!" géing mäi grousse Kolleg soen). D'Siicht rappt kee vum Hocker, déi Woch virdrun war Stuerm an de Sand an Partikelen sinn opgewirbelt ginn. Munches ass probéiert ginn, an ass och gelongen; eng Wurscht setzen, wann een mam Kapp no ënnen hänkt, schéngt allerdéngs net einfach ze sinn. D'Drechekostümer sinn och dicht, dat ass net ëmmer esou. Och den Tom staunt: Hien ass méi dréchen a sengem naasse Kostüm ewéi a sengem Dréchenen.
„Pedra de Deu": Vill Taucher beieneen, déi meescht „gruppiert", eenzeler bei der falscher Palanquée, mee alles fënnt sech erëm. Um Palier an um Boot schaukelt et kräfteg an een oder aneren ass wäiss bis mausgro am Gesiicht, vun dem wat draus erausgefall ass guer net ze schwätzen.
Mëttes sinn et der dann e puer manner. Eng agreabel Plongée op der Küst „mur main gauche" dohin, „mur main droite" erem. Déi 2 Béi hu mir net gesinn, awer duerfir e ganzen Teller voll Langusten. Anerer maache Fotoen an duerno eng Course fir zeréck op d'Boot. De Ronny ass esou midd, dass hien owes an der Bar seng Fitnessübungen ausfale léisst.
Dënschdes moies: De Wand huet sech geluecht, duerfir mécht d'Sonn sech rar. „Dofi sud" war ugesot, ... a nee, el Capitano huet haut eng kleng Preferenz fir „Tasco gros", och gutt. Ass dat e Genoss wann d'Boot nëmmen e bësse schaukelt! Super Plongée, vill Fësch (wat soss?), Murènen a wonnerschéin Gorgonien. Als Kiischt um Kuch ass duerno nach eng Delfinfamill ronderëmgehoppst. Wat eng Freed!
Mëttes „La Vaca" an owes Discosmusek an der Bar.
Mëttwochs geet et bei de klengen Dofi, iwwerdeems d'Famill Elgas Senior a Junior sech ofwiesselt fir en Dag auszeschlofen. D'Liederallergie schéngt veriewlech ze sinn. D'Kathedral ass nach ëmmer beandrockend, leider ass d'Siicht net fantastesch. De Jang ass an deene Lächer a sengem Element a kënnt no enger Stonn nëmmen ongär eraus. Et geet weider mat „Salpaxtot", locker Plongée mat décke Mérous a klengem Gedéiesch. Owes reent et zur Ofwiesselung an Donneschdes ass et richteg sch... (zenséiert) kal. Eenzeler gënne sech e Familljendag, ginn op de Maart oder schounen d'Oueren. Déi aner genéissen eng schéi Plongée ëm de „Carail Bernat". Mëttes ass d''Wieder en Tick besser a den Hugo féiert eis op „Tasco petit". De Briefing ass kloer, ënner Waasser ass et liicht anescht a muncher hunn en zolitten Palier ze maachen. Erëm um Boot kënne mir den Dorades beim Joen nokucken an e Moundfësch bestaunen, den sech un der Uewerfläch ausrout. Owes ginn et Tapas am „Can Salo" zu „HeihatechdeBauchnachnetwéi". De Wee dohin ass abenteuerlech, well d'Stroossen sinn ze kleng oder de Bus ze grouss. Et huet alt ee gemengt et wär wéi zu Iechternach op der Sprangprëssessioun: 2 mol no fir an eemol zeréck. D'Iessen ass Ok, de Kaméidi e puer Fläsche Wäin méi spéit gehéierschiedegend.
Freides: Endlech schéngt d'Sonn erëm, och wann et nach kill ass. „La Vaca" fir d'zweet: Munch Lächer an Tunnellen gi gesicht, net all gi se fonnt.
Mëttes „Ferranelles" mat ville Fësch fir d'Woch ofzeschléissen. Duerno halen de Florian an de Cédric eis nach en interessante Virtrag iwwert d'Flora a Fauna am Kader vun hirem P3. Den Apéro get vun der Masia spendéiert, Tapas sin ugesot a Sangria.
Vir déi, di mam Bus do sinn, ass Samschdes nach en Dag fir d'schéint Wieder ze genéissen. Owes gëtt de Bus gepaakt an ... da geet d'grousst Geréckels un. Anscheinend sinn d'Platzen hannen am Bus besser ewéi fir. Am Stau op der Autobunn ass d'Spuer niewendrun och ëmmer méi séier. M'enfin! Mir si erëm gutt doheem ukomm.
Et kann een soen dass de Cru 2016 duerchwuess war, d'Wieder war scho besser, d'Siicht ënner Waasser och. Trotzdem war et eng flott an agreabel Woch. Dem Tom E. villmools Merci fir déi gutt Organisatioun an dem Tom S. fir d'Organisatioun vun de Palanquéen.