De lëschte Méinden war de SACL nees op säin traditionellen Rendezvous op d’Fouer. 30 Leit waren ugemellt a mir hunn eis gemittlech ab 7 Auer bei engem klengen oder grousse Glas beim Grénge Spill getraff. Esou konnten d’Echangen un de leschte Woche gemaach ginn an zum Deel och schon iwwert d’Pläng vun 2027 geschwat ginn.
Fir hallwer 9 waren d’Plazen am Kessel reservéiert, wou mir dann op 3 Dëscher verdeelt waren an e flotten Owend verbruecht hunn. Nom Iessen gëtt d'Musek méi haart a verschidde Memberen waren net méi op de Still ze halen 😀
Freeë mech schonn op d’Versioun 2027 wou mir da probéieren 3 Dëscher komplett ze reservéieren mat 36 Plazen!


