«Hei ass d’Welt nach an der Rei», sot de Claude, wou mer déi éischte Kéier duerch den Hafe vu Port-Vendres gefuer sinn. An ënnert deem Motto stoung de Stage plongée profonde 2025 vum SACL an dësem rouege Stiedchen un der Côte Catalane och.

Zu véier Taucher an zwee Accompagnateuren hu mir hei eng gemittlech Woch un der franséischer Riviera, mee awer ofsäits vun dem Touristentrubel an den Nopëschdierfer, verbruecht an eis et mat anchois de collioure, deem een oder anere Gliesche Banyuls an der pêche du jour gutt goe gelooss.
Mee zwëschent all den Apero’en hu mer awer och nach Zäit fonnt fir déi eng oder aner Plongée, wat virun allem doduerch erliichtert gouf, datt eis Tauchbasis um Quai vum Hafen an direkter Symbios mam Restaurant Le P’tit Ponton mat enger gemittlecher Terrasse direkt beim Waasser coexistéiert.

IMG 138020250525 121856

Mee e lo zum eigentleche Grond firwat mer hei zu Port-Vendres waren:

Just e puer Minutte mam Zodiac ewech leien hei d’Épaven vun dräi bewaffnete Frachtschëffer, déi wärend dem 2te Weltkrich vu britteschen U-Booter direkt virum Hafe vu Port-Vendres torpédéiert goufen.
Op eiser éischter Plongée op der Épave vum Saumur hu mer eis och direkt wéi doheem gefillt, well d’Visibilitéit war tatsächlech net besser wéi am Stau, wat et quasi onméiglech gemaach huet, sech unhand vun deene Stécker raschtegem Eisen déi mer no an no gesinn hunn, e komplett Schëff virzestellen.

Briefing!
IMG 1383Iwwert déi nächst Deeg ass et dann an engem ganz angeneeme Rhythmus aus enger déiwer Plongée op engem Wrack moies an nomëttes enger méi gemitterlecher Plongée un der Côte beim Cap Béar oder an der Reserve naturelle marine vu Cerbere / Banyuls weider gaang.
D’Visibilitéit ass vum éischten Dag un och stänneg besser ginn, sou datt mer d’Plongéen op den Épaven vun der Astrée, dem Bananier an och dem Saumur (op enger zweeter Plongée) richteg genéisse konnten. D’Épaven leien allen dräi relativ déif op engem Fong vu 45-50 m, mee eis Stages mat Nitrox80 als Dekogas hunn eis et awer erlaabt, och mat iwwer 20 Minutte bottom time d’Palieren ob eng komfortabel 10-15 Minutten ze begrenzen.

Fir mech war et deen éischte Stage Plongée Profonde mam SACL, mee mir huet et super gefall an ech freeë mech schonn, fir d’nächst Joer och rem matzegoen. Grad als Taucher mat engem P3 (oder souguer engem P2 en fin de formation P3) ass et eng super Opportunitéit fir Erfarungen mat méi déiwen an usprochsvollen Tauchgäng an engem encadréierte Setting ze sammelen. 

 

20250525 1520482A001 05291530 C2521