staubotz2024 2De Sub Aqua Sport Diddeleng hat de 16. Juni 2024 op déi traditionell Staubotz um Stauséi agelueden. 6 Tauchclibb waren dëst Joer derbäi mat enge 45 Taucher. Fir de SACL hunn 18 Taucher gehollef Offall aus dem Séi anzesammelen: Anne, Benjamin, Carole, Estelle, Evan, Fabrice, Gary, Jeanlou, Jean-Luc, Luca, Marta, Massimo, Raymond, Ronny, Stéphane, Thomas, Tom an Toni.

staubotz2024 1De SACL huet quasi virun der eegener Dier gebotzt: Zu Lëlz riets niewent der Bréck laanscht d’Plage, lénks a Richtung “Spëtzt”, ënnert der Bréck mat enger “traversée par le fond”, op der anerer Säit vu Lëltz, riets Richtung “Carrière” a lénks bis bei déi al Befestegung vun der Bréck.


Agesammelt goufe Fläschen a Béchsen, Schong, Strëmp, Metall, Plastik, Fëschergeschier, Schwammbrëller an alles wat net an de Séi gehéiert.