fouer2024 cl 01

No enger klenger Unzuel vu Memberen di lescht Joren, war d'Fouer dëst Joer e grousse Succès. Et ass pénktlech um 19h30 um Grénge Spill lass gaangen mat engem klengen Apero wou jiddereen eppes vun der Vakanz ze erzielen hat an duerno si mir nees an de Kessel gaangen wou mir fir 20h30 zwee Dëscher bestallt haten.

Um Programm stoungen Haxe, Fouerfësch, Päerdsbufftek, Bouchée à la Reine an Zalot. Et war fir jiddereen eppes dobäi.

fouer2024 cl 03fouer2024 cl 07fouer2024 cl 13